The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Pensioun matt 57 Joër

Pensioun matt 57 Joër

Ech schaffen am Sozialberäich am Schichtensysten. Ech si momentan am Burnout,si krank gin duch meng Arbecht a wollt elo,no 24 Joer Pensioun ufroen. Wiesou kréien Leit,die sech dropmachen op der Arbecht an hir Gesondheet futti machen, déi sech op der Arbecht asetzen fir hire Mattleit an der Gesellschaft ze hëllefen,da just eng Minirent,déi net emol durgeet fir e normalt Liewen ze féieren? As dat de Merci fir eisen Asatz?

Answer

Gudde Moien,

Merci fir Är Fro.

Et ass effektiv esou, datt wann een aus gesondheetleche Grënn et net packt, op eng voll Carrière bei der Pensiounskeess ze kommen, een d’Méiglechkeet huet, eng Invaliditéitspensioun unzefroen.

D’Konditioune vun dëser Pensioun sinn am Gesetz festgeluecht, an et ass aktuell net virgesinn, dës unzepassen. Merci fir Är Ureegungen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI