Merci fir Är Fro.
Nëmmen déi kompetent Pensiounskeess kann Iech de genauen Datum ginn, wéini Dir an d'Pensioun kënnt goen. Mir kënnen Iech nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ginn, baséierend op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt.
Ab 57 Joer kann eng Persoun an d'virzäiteg Pensioun goen, ënnert der Bedéngung dass dës Persoun eng Versécherungscarrière vu 40 obligatoresche Cotisatiounsjoer huet. Falls dëst de Fall bei Iech ass kéint Dir am Oktober 2027 an eng virzäiteg Pensioun goen. Hei fannt dir all d'Informatiounen zu den obligatoresche Cotisatiounsjoer: Assurance obligatoire - CNAP.lu d’Pensiounskeess - Caisse nationale d'assurance Pension - Luxembourg
Dir kënnt, well Dir iwwert 55 Joer sidd, eng Estimatioun fir Är Pensioun bei der CNAP ufroen.