Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Wat dann elo?

Wat dann elo?

Hallo!

Wann ech 60 Joër kréien hun ech 410 Méint cotiséiert (Schaffen an fräiwëlleg) an 72 Méint complémentaire wéinst der Ausbildung! Kréien ech dann meng Rente?
Oder muss ech bis 60 Joër + 8 Méint nach cotiséieren fir dann réicht meng Rente ze kréien? Falls jo, wisou soll een dann iwwerhaapt nach studéiere goën....
Danke 👍

Answer

 Merci fir Är Fro.

Wann dir mat 60 Joer eng Versécherungscarrière hutt déi net nëmmen aus 480 Méint obligatoresche Cotisatiounsjoer besteet mee och aus Fräiwëllegenzäiten an Ergänzungszäiten, da musst Dir méi laang cotiséieren. Vu Juli 2026 u geet Versécherungscarrière fir an d’virzäiteg Pensioun ze goe mat 60 Joer schrëttweis erop: 2026 + 1 Mount, 2027 + 2 Méint, 2028 + 4 Méint, 2029 + 6 Méint an 2030 + 8 Méint. Dës Méint mussen aus obligatoreschen Zäiten oder fräiwëllege Periode bestoen an no dem Datum erreecht ginn, op deem déi ugeschwate 480 Versécherungsméint erfëllt sinn.

Et ass ze preziséieren datt d’Zuel vun de Méint vun den Ergänzungszäiten (d’Zuel vun de Studieméint) dozou déngen, den Ënnerscheed tëscht 480 Méint an dem Rescht vun Ärer Versécherungskarriär auszegläichen. 

Dir kënnt ab 55 Joer eng Estimatioun fir Är Pensioun bei der CNAP ufroen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI