Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

60 oder 60+8Méint?

60 oder 60+8Méint?

2033 kréien ech 60 Joër.

Op mengem 60.Gebuertsdag hun ech 416 Méint cotiséiert (392 Méint duerch Arbecht an 24 Méint duerch fräiwëlleg Cotisatioun) an ech hun 72 Méint complémentaire wéinst menge Studien.

Meng Fro: kréien ech op mengem 60.Gebuertsdag meng Pensioun ausbezuelt (ech hun jo dann zesummen 416 Méint duerch obligatorësch Cotisatioun plus 72 Méint complémentaire = 488 Méint) oder réicht mat 60 Joër plus 8 Méint (mat dann nach ëmmer 488 Méint)?

Merci!

Answer

Merci fir Är Fro.

Wann Dir mat 60 Joer eng Versécherungscarrière hutt déi net nëmmen aus 480 Méint obligatoresche Cotisatiounsjoer besteet mee och aus Fräiwëllegenzäiten an Ergänzungszäiten, da musst Dir méi méi laang cotiséieren. 

Vu Juli 2026 u geet Versécherungscarrière fir an d’virzäiteg Pensioun ze goe mat 60 Joer schrëttweis erop: 2033 musst Dir 8 Méint méi laang cotiséieren. Dës Méint mussen aus obligatoreschen Zäiten oder fräiwëllege Periode bestoen an no dem Datum erreecht ginn, op deem déi ugeschwate 480 Versécherungsméint erfëllt sinn.

Et ass ze preziséieren datt d’Zuel vun de Méint vun den Ergänzungszäiten (d’Zuel vun de Studieméint) dozou déngen, den Ënnerscheed tëscht 480 Méint an dem Rescht vun Ärer Versécherungskarriär auszegläichen. 

Dir kënnt ab 55 Joer eng Estimatioun fir Är Pensioun bei der CNAP ufroen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI