Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

D'Pensioun vum Februar

D'Pensioun vum Februar

Gudden Moien, d'Pensioun vum Februar gouf nach net gebucht obwuel um Site stéet den 28/01/2026 dest huet bis elo emmer geklappt. also d'Salairen beim Staat goufen haut ausbezuelt, dest as emmer den selwechten Daag, an d'Saachen gin nuets gebucht, et ass awer naischt komm, gin et Problemer? Um site vun der CNAP stéet naischt dovunner. Et gin awer Lait wou verpflichtungen hun.

Merci fier d'Rèckmeldung.

Leif Grèiss

Answer

Merci fir Är Fro.

Eis leien aktuelle keng Informatioun vir dass et zu Verspéidung beim ausbezuele vun de Pensioun komm ass. D‘CNAP iwwerweist d‘Pensioun normalerweis um drëtt leschten Aarbechtsdag vum Mount. De genauen Datum bis d‘Pensioun op Ärem Kont ukënnt, ka vu Bank zu Bank variéiere well dat hänkt vun den interne Reegele vun Ärer Bank of. Et ass eis dowéinst net méiglech, Iech genee ze soen, wéini Är Pensioun  tatsächlech op Ärem Bankkont ukënnt. Falls dir Är Pensioun bis haut net krut huet rode mir Iech, Är Pensiounskeess ze kontaktéiere, well Si d’Situatioun iwwerpréifte mussen.

Cookies UI