Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Mois d'assurance bei enger 90% tâche

Mois d'assurance bei enger 90% tâche

Gudde Mueren,
Ech hun eng Fro zu de Kotisatiounsjoeren bei enger 90% Tâche.
Gëtt bei enger Tâche vun 90% (155 Stonnen pro Mount) e kompletten mois d'assurance/cotisation ugerechent oder nët ?

Bei wéivill Stonnen pro Mount zielt et nët mei als komplette "mois d'assurance/cotisation ?

Mat beschte Gréiss,

Answer

Merci fir Är Fro.

E komplette Mount gëtt gezielt, wann Dir op d'mannst 64 Stonnen als activité salariée geschafft huet oder op d’mannst 10 jours civils d’activité non salariée.

Dir huet eng Tâche vun 90 %, also huet dës keen Afloss op den Alter, an deen Dir an d’Pensioun kënnt goen. Dës huet just en Afloss op d’Pensioun déi Dir spéider ausbezuelt kritt.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI