Allongement de carrière
Kann een Employée 2030 mat 60 Joer an d'Pensioun goen wann zu deem Zäitpunkt seng Rentencarrière 500 Méint opweist (Cotisatiounen & Périodes complémentaires) ?
Mat beschte Gréiss,
Kann een Employée 2030 mat 60 Joer an d'Pensioun goen wann zu deem Zäitpunkt seng Rentencarrière 500 Méint opweist (Cotisatiounen & Périodes complémentaires) ?
Mat beschte Gréiss,
Merci fir Är Fro.
Dir kënnt ab 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun goen, wann Dir eng Versécherungscarrière vu mindestens 480 Méint opweise kënnt. Zu Versécherungscarrière gehéieren zu dësem Zäitpunkt Är obligatoresch Cotisatiounsjoer, Är d‘Ergänzungszäiten (z.B. Studiejoren), Är fräiwëlleg Perioden an den Nokaf.
Ab 2030 muss dir awer 8 Méint méi laang cotiséieren, dës 8 Méint kënnt dir net mat Ergänzungszäiten kompenséieren. En fonction wéi laang Är Ergänzungszäiten si kënnt dir tëschent dem Alter vu 60 Joer a 60 Joer an 8 Méint an d’Pensioun goen.
W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.