Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Studiejoeren

Studiejoeren

Moien, zielen d'Studiejoeren da lo zu deenen 40 Joer mat oder net? An deem enge Video kléngt et wéi wann déi ab 18J bis zu 9Joer kënnen ugerechent ginn. An deem anere Video ginn se awer dann net erwähnt wann et drëm geet déi 40 Joer ze erreechen. Kënnt Dir mir do virunhëllefen? Merci

Answer

Merci fir Är Fro.
Et kann een zu Lëtzebuerg zu zwee Momenter an déi virzäiteg Pensioun goen. Ab 57 Joer oder ab 60 Joer.

Ab 57 Joer kann eng Persoun an d'Pensioun goen, ënnert der Bedéngung dass dës eng Versécherungscarrière vu  40 obligatoresche Cotisatiounsjoer huet. Un dëser Situatioun huet sech näischt geännert, an déi Persounen déi an dësem Fall sinn, mussen och net méi laang schaffe goen.

Studiejoren si keng obligatoresch Cotisatiounsjoer. Dës kënnt dir ugerechent kréie fir ab 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun kënnen ze goen. Och hei muss Dir eng Versécherungscarrière vu mindestens 40 Joer opweise. Mee zu Versécherungscarrière gehéieren zu dësem Zäitpunkt net nëmmen déi obligatoresch Cotisatiounsjoer, mee och d‘Ergänzungszäiten (wéi Är Studiejoren), fräiwëlleg Perioden an den Nokaf. Déi Persounen déi an dësem Fall si musse méi laang schaffe goen, well vu Juli 2026 u ginn déi 40 Joer fir ab 60 an d’Pensioun ze goen, schrëttweis erop: 2026 + 1 Mount, 2027 + 2 Méint, 2028 + 4 Méint, 2029 + 6 Méint an 2030 + 8 Méint.

Déi Méint wou Dir méi laang musst schaffe goe kënnt Dir net mat Studiejore kompenséieren, hei musse Cotisatiounen abezuelt ginn.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI