Fräiwëlleg abezuelen (ouni Arbechtskontrakt) an wéini Pensioun?
Moien,
ech wëll den 15/1/2031 ophalen mat schaffen. Bis dohinner hun ech 400 Méint geschafft an abezuelt (période d'assurance).
Ech wollt dann nach 16 Méint fräiwëlleg aus menger Täsch an d'Pensiounskeess abezuelen, ech kéim dann den 15/5/2032 op 400+16=416 Méint période d'assurance.
Vun de Studien hier hun ech 72 Méint période complémentaire.
Wann ech dann 60 Joër kréien (15/8/2033) hätt ech esou 416 + 72 = 488 Méint.
Meng Froën:
a) dierf ech fräiwëlleg (ouni schaffen ze goën) abezuelen an zielen déi 16 Méint als "période d'assurance"? (ech hu genuch gespuert fir all Mount mäi Bäitrag können an d'Pensiounskeess anzebezuelen)
b) kréien ech dann mat 60 Joër (15/8/2033) meng Pensioun oder kréien ech déi réicht mat 60 Joër plus 8 Méint (also dann den 15/4/2034)?
Merci villmols!