Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Zusatzversicherung Arbeitszeitverkürzung

Zusatzversicherung Arbeitszeitverkürzung

Gudden Mëtten

Huen 54 Joer an errëchen Meng 480 Meint den 03.2030

Ech huen dei letzt 3 Joer eng Tâche von 90% bei mengen Patron geschafft.
Huen elo 32 Joer Vollzeit an sin elo 3 Joer bei 90 %
Elo huen ech bei daer CCSS eng Zusatzversicherung fir ob 100% zekommen

Muss ech wieder Meint schaffen goen ,oder kann ech ewei gesoet am März 2030 goen

Lg

Answer

Merci fir Är Fro.

D’Unzuel vun de Stonnen, déi Dir schafft, huet keen Afloss op den Alter, an deem Dir an d’Pensioun kënnt goen. Si huet awer en Afloss op d’Pensioun déi Dir bezuhelt kritt.

Ären Informatioune no, cotiséiert Dir jo, fir dës Differenz auszegläichen, iwwer eng assurance complémentaire beim CCSS.

Wat den Alter ugeet, an deem een a Pensioun goe kënnt, ginn et zu Lëtzebuerg zwou Méiglechkeete fir eng virzäiteg Pensioun: ab 57 Joer oder ab 60 Joer.

Ab 57 Joer kann eng Persoun an d'Pensioun goen, ënnert der Bedéngung dass dës eng Versécherungscarrière vu  40 obligatoresche Cotisatiounsjoer huet. Un dëser Situatioun huet sech näischt geännert, an déi Persounen déi an dësem Fall sinn, mussen och net méi laang schaffe goen.

Dir kënnt och ab 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun goen. Och hei muss Dir eng Versécherungscarrière vu mindestens 40 Joer opweise. Mee zu Versécherungscarrière gehéieren zu dësem Zäitpunkt net nëmmen déi obligatoresch Cotisatiounsjoer, mee och d‘Ergänzungszäiten (z.B. Studiejoren), fräiwëlleg Perioden an den Nokaf. Déi Persounen déi an dësem Fall si, musse méi laang schaffe goen, well vu Juli 2026 u ginn déi 40 Joer fir ab 60 an d’Pensioun ze goen, schrëttweis erop: 2026 + 1 Mount, 2027 + 2 Méint, 2028 + 4 Méint, 2029 + 6 Méint an 2030 + 8 Méint. Mee och ab 60 kennt dir ouni Verlängerung an d’Pensioun goen soubaal dir 480 Méint obligatoresch Cotisatiounsjoëren kënnt viirweisen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI