Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Unrechnung Catp an der Schoul

Unrechnung Catp an der Schoul

Gudden metten.

Wollt mol nofroen op ech meng Leier als Elektriker dei ech reng an der Schoul gemach hun ungerechent kreien an wann jo weivill?
Merci fir är Äntwert

Answer

Merci fir Är fro.

Déi Jore wou dir an der Schoul waart oder wou dir eng Léier gemaach hut an keen Revenu haat, no Ärem 18. Gebuertsdag, kënnt dir ugerechent kréien, bis zu engem Maximum vun 9 Joer, en fonction wéi laang Är Léier gedauert huet.

Et ass wichteg ze betounen dass dës Joren als Ergänzungszäiten gëllen, an dass Dir déi ugerechent kënnt kréie fir ab 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun kënnen ze goen. 

Dir kënnt ab 55 Joer eng Estimatioun fir Är Pensioun bei der CNAP ufroen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI