Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Ophalen mat Schaffen mat 57, Rente ab 60 an 8 Méint?

Ophalen mat Schaffen mat 57, Rente ab 60 an 8 Méint?

Moien Madame Minister,

ech hun eng Fro wat déi nei Rentereform betrëfft.

Ech well mat 57 Joër gären ophale mat schaffen, ech hun bis dohinner 39 Joër cotiséiert (Studienzäiten mat abegraff). Et feelen mir also nach 20 Méint, bis dass ech meng 40 Joër an 8 Méint cotiséiert hun.

Meng Froën:

a) dierf ech déi verbleiwend 20 Méint (déi mir nach feelen fir op 40 Joër an 8 Méint Cotisatioun ze kommen) selwer aus menger eegener Täsch an d'Pensiounskeess abezuelen? Ech hu genuch gespuert, fir mir dat können ze erlaben.

b) Wéini kréien ech dann meng Pensioun ausbezuelt? Ab mengem 60.Gebuertsdag (14/8/2033) oder réicht 8 Méint no mengem 60. Gebuertsdag (14/2/2034)?

Villmols Merci fir eng Äntwert, ech kann esou nämlech och "rechnen", ob dat alles esou klappt wéi ech mir dat virgestallt hun.

Mat beschte Gréiss,

L.S.

Answer

Merci fir Är Ufro

Fir mat 57 Joer vun enger virgezunner Alterspensioun ze profitéieren, muss ee 40 Joer obligatoresch Cotisatiounen noweise kënnen. Opgepasst, d’Studiejoer zielen net zu den obligatoresche Cotisatiounsjoren. 

Well mir net wëssen, wéi laang Dir studéiert hutt, kënne mir Iech hei keng exakt Äntwert ginn. Sollt Dir virun Ärem 60. Gebuertsdag net op 480 Méint obligatoresch Cotisatioune kommen, kënnt Dir eréischt ab 60 Joer eng virgezunnen Alterspensioun ufroen. 

Wann dir also am Joer 2033 60 Joer kritt, da kuckt d’Pensiounskeess ob dir op deem Dag wou der di 60 Joer kritt, op 480 Méint Versécherungscarrière kommt mat obligatoresche Cotisatiounsjoer, an awer och d‘Ergänzungszäiten (wéi Är Studiejoren), fräiwëlleg Perioden an den Nokaf.. Da komme fir d’Joer 2033 nach 8 zousätzlech Cotisatiounsmeint derbäi. 

Wann dir elo mam Alter vu 57 ophaalt mat schaffen da kennt dir bis den Alter 60 plus 8 Méint och iwwert eng „pension volontaire“ cotiséieren. 

Weider Informatiounen dozou fannt dir um Site vun der CNAP an vum Centre commun de la sécurité sociale: 

Beginn und Anspruchsvoraussetzungen - CNAP.lu d’Pensiounskeess - Caisse nationale d'assurance Pension - Luxembourg

Freiwillige Mitgliedschaft in der Rentenversicherung - CCSS (Centre commun de la sécurité sociale) - Luxembourg

Ab 55 Joer kennt dir eng Estimatioun bei der CNAP ufroen.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI