Merci fir Är Fro.
Déi zousätzlech Méint ginn ab dem Datum gerechent, op deem Dir initialement d’Conditioune fir eng virzäiteg Pensioun erfëllt.
An Ärem Fall, wann Dir mat 60 Joer den1. Oktober 2029, an d’Pensioun kéint goen, da muss Dir 6 Méint méi laang cotiséierenalso bis en 1. Abrëll 2030, awer just am Fall wou Dir méi wéi 6 Méint Ergänzungszäiten braucht fir op di 40 Joer ze kommen. Falls Är 40 Joer erreecht ginn eleng opgrond vu cotiséieren Zäiten da brauch der keng Méint mi laang ze cotiséieren.
Falls der eréischt 2030 effektiv an d’Pensioun gitt, bleift d’Berechnung déi deen Dag opgestallt gouf wou di 60 Joer krut. Fir déi Zäit wou der iwwer dee Moment eraus schafft wou dir hätt kënnen a Pensioun goen, kenn dir och nach vum abattement fiscal profitéieren dee parallel zur Adaptatioun vum Pensiounsregimm agefouert ginn ass.
W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.