Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Urechnen vun Studienjoeren

Urechnen vun Studienjoeren

Moien.

Ech hun ereicht mat 21 Joer ugefangen mat schaffen well ech do ereicht mein diplome kritt hun (13e Diplome de technicien)
Meng Fro as : Gin dei Joeren iwerhaupt ugerechent zur Pensioun et waren jo keng Uni-zeiten mee nemmen Lycée- Zeiten an wei giff daat meng Pensioun verenneren , kinnt ech eventuel schon eischter an Pensioun mat 57 ? An muss ech deemno wann dei Zeiten net ugerechent gin bis 61 Joer schaffen goen ( 21 +40 Joer cotisatioun) respektiv muss ech nach 8 Meint mei laang schaffen bedengt duerch daat neit Gesetz ?

Dann wollt ech nach epps froen iwert 'Baby Years'
Ech hun 2 Kanner
Vun engem Kand huet meng Fraa 2 Joer Baby Years an vun eisem 2. Kand wollt ech dei 2 Joer huelen
Huet dat 1 Afloss op meng Pensioun an punkto Versecherungszeiten ?

Merci

Answer

Merci fir Är Ufro

 D' Studiejoer musse keng Unizäite sinn. Déi Jore wou dir tëschent 18 an 21 an der Schoul waart fir Ären Diplom de technicien kënnt dir als Studiejoer ugerechent kréien.

Falls dir Conditiounen erfëllt fir Baby Years ugerechent ze kréien, da gëllen dëst als obligatoresch Cotisatiounsjoer. Opgepasst wann dir an deen 2 Joren no der Gebuert vun Ärem Kand fir Pensioun cotiséiert huet, z.B wëll dir weider geschafft huet oder well dir am Congé parental waart, da kritt dir dës Zäit net duebel ugerechent. An dësem Fall hu Baby Years keen Impakt op Är Cotisatiounszäit mee nemmen op de Montant deen an deenen 2 Joren ugerechent gett.

Dir kënnt nemmen mat 57 Joer an d’virzäiteg Pensioun goe wann dir bis dohin 40 obligatoresche Cotisatiounsjoer opweise kënnt. Opgepasst Är Studiejoer si keng obligatoresche Cotisatiounsjoer. ­

Dir kënnt ab 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun goe wann dir eng Versécherungscarrière vu mindestens 40 Joer opweise kënnt. Déi 40 kënnen dann aus obligatoresch Cotisatiounsjoer, d‘Ergänzungszäiten (wéi Är Studiejoren), fräiwëlleg Perioden an den Nokaf bestoen. Déi Persounen déi an dësem Fall si musse méi laang schaffe goen, well vu Juli 2026 u ginn déi 40 Joer fir ab 60 an d’Pensioun ze goen, schrëttweis erop: 2026 + 1 Mount, 2027 + 2 Méint, 2028 + 4 Méint, 2029 + 6 Méint an 2030 + 8 Méint.

Dir kënnt ab 55 Joer eng Estimatioun fir Är Pensioun bei der CNAP ufroen

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI