Rachat années non cotisées
Moien,
Ech wenden mech un Iech, well ech gären eng Präzisioun an enger präziser Situatioun hätt.
Ech hat eng Period vun 3 Joer, an där Ech net geschafft an net cotiséiert hunn. Ech wollt des Période nokaafen mee kruut gesoot dest wär net meigelech well Konditiounen net erfëllt sin.
No de Konditiounen, déi ech bis elo krut, schéngt et, datt esou e Rachat just méiglech ass, wann:
• d’Kand minderjäreg war, oder
• et sech ëm e Congé sans solde handelt am Kader vum Statut (bestuet) / fir de Partner.
Ech verstinn awer net, firwat et net méiglech ass, eng Aarbechtspaus zu Lëtzebuerg aus perséinleche Grënn nozebezuelen, mee anscheinend just nëmmen, wann et am Zesummenhang mam Partner oder engem Kand ass.
Leif Gréiss