Skip to main content
The Government of the Grand Duchy of Luxembourg

Pensioun, Studien a Année bébé

Pensioun, Studien a Année bébé

Gudde Moien,
d‘Mme Deprez hat de Moien däilech erklärt, dass wann ech mat 60 Jar 40 Jar obl. cotiséiert hun, kann ech an Pensioun goën. Meng Fro: zielen zou deene 40 Jar meng 4 Jar Studien a meng Babyjar‘en? Oder gin ech 8 Méint mi laang an dem Fall?
Merci☺️
MbG

Answer

Merci fir Är Fro,

Dir musst warscheinlech méi laang schaffe goen, well Studiejore keng obligatoresch Cotisatiounsjoer sinn.

Déi obligatoresch Cotisatiounsjoresinn an Ärem Fall, déi Jore wou Dir geschafft huet, do zielen awer och déi Zäite mat wou dir ee Revenu agesat krut opgrond vu maximal 24 Méint pro Kand wou dir Är Aarbecht reduzéiert oder opgehalen hutt fir iech em d’Kand ze këmmeren (art.171 (7)) Dës Zäiten si net ze verwiessele mat Zäiten déi als komplementar bezeechent ginn an déi just ugerechent ginn ab 60 Joer, wou z.B.  d’Studienzäiten oder Erzéihungszäiten déi net ënner den art.171(7) falen.

Falls dir ouni Är Studiejoren eng Versécherungscarrière vu mindestens 40 obligatoresche Cotisatiounsjoer opweise kënnt, da kënnt Dir schonn ab dem Alter vu 57 Joer an d'Pensioun goen esoubal Dir all Konditiounen erfëllt. Déi Situatioun huet Madamm Deprez um RTL erkläert. 
Är Studiejoer sinn eben d‘Ergänzungszäiten, déi Dir an Ärer Versécherungscarrière kënnt ugerechent kréie fir mat 60 Joer an eng virzäiteg Pensioun kënnen ze goen. Och hei muss Dir eng Versécherungscarrière vu mindestens 40 Joer opweise. Mee zu Versécherungscarrière gehéieren zu dësem Zäitpunkt net nëmmen déi obligatoresch Cotisatiounsjoer, mee och   d‘Ergänzungszäiten (wéi Är Studiejoren), fräiwëlleg Perioden an den Nokaf. An dësem Fall muss Dir méi laang schaffe goen, well vu Juli 2026 u ginn déi 40 Joer fir ab 60 an d’Pensioun ze goen, schrëttweis erop: 2026 + 1 Mount, 2027 + 2 Méint, 2028 + 4 Méint, 2029 + 6 Méint an 2030 + 8 Méint.
Déi Méint wou Dir méi laang muss schaffe goe kënnt Dir net mat Studiejore kompenséieren. 
Mir roden Iech CNAP ze kontaktéiere fir am Detail iwwert Ären Dossier ze diskutéieren.

W.e.g. bemierkt, datt dës Äntwert op der aktueller Legislatioun baséiert an nëmmen eng Estimatioun vun Ärer Situatioun ass, baséiert op den Informatiounen, déi Dir uginn hutt. Nëmmen de déi kompetent Pensiounskeess kann Iech präzis Informatiounen iwwer Är Situatioun ginn.

Cookies UI