Stimmerklärung für Umfrage „Attractivité du Luxembourg“
Attraktivität Luxemburgs
Antwort:
Tout à fait en désaccord
Begründung:
Dat ass dee problematesche Schnéiballsystem. 1. An der Realwirtschaft ass dat aus guddem Grond verbueden. 2. Laangfristeg kann dat net funktionéieren. Mir kënnen net onendlech esou weider wuessen. 3. De System mat ëmmer méi Leit (déi hei wunnen a schaffen oder just hei schaffen) iwwerfuerdert d'Land elo schonn (Wunnéngsbau, Waasser- an Energiversuergung, Verkéier, Integratioun, allgemeng Infrastruktur, Natur a Landschaft...). Esou wuesse mer d'Land futti an et ass awer laangfristeg keng Léisung.