Stimmerklärung für Umfrage „Le système est équitable“
Gerechtigkeit des Systems
Antwort:
Neutre
Begründung:
Et ass schwiereg ze soen am Moment wat fir eng Generatioun den Kierzeren zitt, ausser eventuell dei zukünfteg wann sech naischt ännert, well dann keng Gelder mei do sinn fir d'Pensioun auszebzuelen. Mä wat total Ongerecht ass, ass datt den Privatsekteur d'Pensiounen vun den Fonctionairen iwwerhellt, dei souwisou schon genuch Finanziell Virdeeler hunn. Sie missten Baiträg bezuelen an och mei wei d'Leit dei manner Verdengen (vue datt sie zu den heichen Salairen am Land geheieren)
Kommentare
Also ech sin Fonctionnaire,…
Also ech sin Fonctionnaire, an fannen et schlemm wei d' Leit doriwer schwetzen. Ech bezuelen all Mount meng Beiträg , genau wei am Privatsekteur, hun iwregens och do 15 Joer geschafft. Meng Pension waert ongefeier 1500euro manner wei mein Gehalt sin. Also waert ech eng Pension vun 3500€ kreien. As daat eng deck Rent ?? Dir schwetzt do vum aalen System deen et schon 20 Joer netmei gett.